D’ Biwer Musek huet eppes Grousses vir, an dowéinst mëllen mir eis bei dir
Mir maachen Musek mat der ganzer Gemeng
an hunn fir d’ nächst Joer grouss Pläng
Du has schonn mol en Instrument am Grapp,
an hues och nach déi eng oder aner Nouten am Kapp?
Och dech begréissen mir häerzlech an eise Reien,
Wanns du bass an der Gemeng en Neien.
Ob Bléiser oder Sträicher
du méchs eisen Ensembel räicher
As deng Stëmm däin Instrument?
Maach mat bei eisem Experiment!
Du waars schonn an eiser Musek virun enger Zäit?
Ënnerstëtz eis, wëll eis eppes un dir läit!
Loosst eis net einfach nëmmen niewenteneen wunnen
wëll Musek féiert d’ Mënschen all zesummen!
Bass du bereet? Dann so eis Bescheed!