Agenda

Hämmelsmarsch Brouch & Weydig 2021

Agenda
2018_1021_Hammelsmarsch_Brouch-Weydig
Date: 24/10/2021 10:00

Lieu: Brouch & Weydig

Et ass erëm esou wäit an d’Kiermes zu Brouch & Weydeg steet virun der Dir. Covid-19 an seng Follgen hunn ons leider nach ëmmer am Grëff wat bedeit datt et nach ëmmer Restriktioune gëtt wat ons kulturell Aktivitéite betrëfft.

Am Respekt mat den aktuelle Virsiichtsmoossnamen wäerte mir de Sonndeg 24 Oktober duerch är Stroossen zéien an traditiounsgemäss mat dem Hämmelsmarsch d’Kiermesfest alauden. Allerdéngs kënne mir net ewéi gewinnt virun all Hausdir spillen a bei Iech schelle kommen, mee an all Strooss ob verschiddene Plazen wäerte mir ons opstellen an musizéieren. Mir géifen ons freeën wann Dir am Moment wou Dir ons héiert spillen géift spontan op d’Strooss kommen.

 

 

 

Toutes les Dates


  • 24/10/2021 10:00

Propulsé par iCagenda