Cor
 


 
 
 
 

De Cor ass een vun den eelsten Instrumenter aus dem modernen Orchester.
Seng Form erënnert un een "Horn" vun engem Déier wouran primitive Jé'er gebloosen
hun; deen Toun konnt ouni weideres e puer Kilometer iwwerwannen.

D'Instrument huet ziemlech schnell seng "animalesch" Wuerzelen verluer,
an gouf aus Metall ugefärdegt an matt enger Mondspëtzt versinn.
Verschidden Exemplairen vun dësen Instrumenter (aus Bronze) datéieren op
+/- 600 Joer virun Christus.
Dësen Virleefer vum Cor ass gebräucht gin fir um Schlachtfeld den Feind anzeschüchteren
an fir den eegenen Zaldoten Signaler ze senden.
Hieren Klang waar deemno ganz agressif an wéinëg nuancéiert.

'Réicht am Ufank vum 19. Jahrhonnert huet den Heinrich Stölzel
den "chromatischen" Cor erfonnt.
Mëttels sengen Piston'en konnt een well Melodien am Hallef-Toun-Intervalle spillen.

An der Mëtt vum 19. Jahrhonner huet den Fritz Kruspe den "Double-Cor" gebaut, an domatt kruut dëst Instrument seng definitive, hautbekannten Form.