Klarinett
 


 
 
 
 

Ganz freih Firlefer vun der Klarinett gouf et schon am 12. Joerhonnert an
Islameschen an Asiateschen Laenner.

Dei eischt richtech Klarinett, bei der en einfacht Bliedchen op engem Bec setzt,
gouf 1700 vum Joseph Denner vun Nuernberg erfonnt.
Den Schallerzeuger, den Bec, war eng Neientwecklung genau wei dei 'Oktavklapp' dei an Wirklechkeet eng Douziemesklapp (= 1 Oktav an eng Quint), an dofir kann en soen dass d'Klarinett erfonnt gouf an net just eng Weiderentwecklung ass.

D'Klarinett huet am Geigensaatz zum Saxophon eng zylindresch Buerung an behellt
sech akustesch wei eng gedackten Peif, dofir klengt se eng Oktav mei deif wei zB
en Saxophon oder Hautbois bei selwechter Laengt vum Rouer.
Doduerch ass den Noutenemfang och zimmlech grouss, eng normal Si-b Klarinett brengt 3 an hallef Oktaven, eng Bassklarinett souguer 4 Oktaven.

Virun 1800 haten d'Klarinetten relativ weinech (3..6) Klappen well dei nie
anstaennech dicht gehalen hun, an dofir war och net all Nout vun der
chromatescher Gamm meiglech. Mat dem Resultat dass et fir bal all Tounart eng
Klarinett gouf. Et war mei enfach d'Klarinett ze wiesselen wei sech mat
onmeiglechen Greffer ze ploen.

Em dei Zeit huet den Theobald Boehm d'Fluett renoveiert: Laut Theorie klengt eng
Fluett nemmen dann gudd wann se gleichmaessech an grouss Tounlaecher huet, an
dofir huet hien Renger rondrem d'Tounlaecher gesat, sou dass den Fanger
gleichzeitech d'Tounlach zoumachen an eng Mechanik bedingen konnt. Desen
Grondprinzip huet den Hyacinthe Klosé dann op d'Klarinett
applizeiert. Dei Klarinetten goufen dun vum A. Buffet, engem bekannten
Instrumentenbauer aus der Zeit, gebaut. Well den Klose den System 'Boehm"-System
gedeeft huet heescht en haut nach sou, och wann den Theobald Boehm eigentlech
nemmen d'Iddi geliwwert huet.

Mat denen Verbesserungen huet d'Klarinett sech vill mei einfach spillen geloos,
den Klang war mei reng and se huet besser gestemmt, an virun allem konnt en
reischt domat chromatesch spillen, also wirklech all Nout errechen.

Eng Klarinett ass en vielseitecht Instrument, et kann en domat vill verschidden
Museksstiler spillen, vum Mozart iwwer Benny Goodman bis zum Klezmer-Stil.
 

D'Etendue vun der Si-b Klarinett ass ca. 3,6 Oktaven. (146,8 bis 1860 Hz)