Batterie


 
 


 
  • Bass-Drum - Gespillt mat dem rechten Fouss. Sie spillt eng
    grouss Roll (zesummen mat der "Snare" bei der Kréatioun vun interessanten Rythmen. Besonnesch an der Rock an Pop Musik.


  • Snare-Drum - Och bekannt ënnert dem Numm "Rabbeltromm".
    Hieren duerchdréngenden Klang (an och hieren Lëtzebuergeschen Numm) huet sie vun dem 10 - 24 spiralförmëgen metallenen Dréiht déi widdert daat ënnescht "Resonanzfell" drécken, an bei all Schlag, op daat iewescht "Schlagfell" mat rabbelen.
    Eng grouss Roll spillt d'Rabbeltromm an der Marsch-musik.


  • Hi-Hat - 2 Cymbalen, déi op-eneen leien, an mëttels enger Mechanik (Hi-Hat-maschine, déi mam lénksen Fouss betätegt gët) op an zou gemaach kann gin. Doduerch loossen sech interessant hell duerchdréngend, kuerz oder laang Cymbal - Sound'en entwerfen. D'Cymbalen selwer, gin mat den Batterie-bengelen gespillt

  • Crash-Cymbal - Een Cymbal deen haatsächlech gespillt gëtt fier am Musiksstéck een Accent oder een besonneschen Effekt ze setzen. Ganz duerchdrénden Klang!
    Aaner Effekt-Cymbalen: Splash-Cymbal, China.


  • Ride-Cymbal - Domadder spillt den Batteur eng Rhytmisch Begleedung. Besonnesch bekannt ass den Ride-Rhytmus bei engem "Swing". 

  • Toms - Melodisch gestëmmten Trommelen déi bei Iwwergäng an Solo-part'en agesaat gin. Eeen Stand-tom ass einfach een Tom deen separat um Buedem steet.