Bass - Klarinett
 


 
 
 
 

D'Bassklarinett, dei eng Oktav mei deif klengt wei dei 'normal' Si-B Klarinett,
gouf fir d'eischt gebaut vum G. Lott (Paris, 1772) oder Heinrich Grenser
(Dresden, 1793).

Am Laf vum folgenden Joerhonnert goufen eng sellechen Aennerungen un der Konstruktioun
an der greisst vum Instrument gemacht.

Firun allem goufen no an no emmer mei Klappen drungebaut, an verschidden Modeller haten en gekneckten Rouer sou wei d'Fagott.

Dei heitech Form vun der Bassklarinett ass am freien 19. Joerhonnert vum
Adolphe Sax entworf gin.

Ennert der Bassklarinett gett et nach d'Kontra-alt an d'Kontrabass Klarinett,
dei allerdings nemmen am Klarinettenkouer oder eventuell och am
Symphonieorchester agesat gin.

D'Etendue vun der Bassklarinett ass ca. 4 Oktaven. (58,2 bis 932 Hz)